Se designen an entwéckele Roboter-Äerm fir de Weltall a viru Kuerzem kruten se dofir souguer e Präis.

Rieds geet vu "Redwire", enger Firma op der Cloche d’Or. Si entwéckelen do dës Äerm an testen se, ier se mat de Satellitten erop an de Weltall geschéckt ginn.

Iwwer 36.000 Kilometer wäerten dës Deeler am Weltraum am Asaz sinn. Den Zweck vum Aarm, wann en da bis um Satellit ass, ass et aner Satellitten ze "fänken", fir se entweder ze reparéieren oder fir se nees op hir Ëmlafbunn ze kréien, an esou hiert Liewen ze verlängeren oder se op en aneren Orbit ze kréien, well eppes net funktionéiert huet. Oder de Satellitte gëtt ageraumt, well e säin Déngscht geleescht huet a kee Weltraum-Schrott soll ginn.

Iwwer 5 Joer laang huet d'Firma Daten an Erfarunge vun deene Roboter Äerm gesammelt, fir esou all de Besoinen nozegoen. Hiren Aarm gëtt op der Äerd getest, kënnt awer am Weltall eréischt an den Asaz. An do ass keng Unzéiungskraaft, also do uewe weit näischt eppes.

RTL

© RTL

D'Produktioun vun dem Roboter-Aarm ass integral zu Lëtzebuerg. An hire Laboratoirë gëtt geléit an déi eenzel Deeler ginn zesummegebaut. Am Raum niewendrun ass alles steril, hei gëtt dat simuléiert, wat herno op d’Material duer kënnt. Also beispillsweis Minus-Temperaturen oder d'Bestoen am Vakuum. Am Abrëll krute si de "Luxembourg American Business Award", dëst wéinst der gudder Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerg an den USA.

Leschte Mount gouf esouguer op der ISS e Meniskus mat hirem 3D-Printer "BioFabrication Facility" geprint, deen zanter November leschtem Joer op der ISS installéiert ass. E groussen Erfolleg fir d'Firma ass et, am Weltraum eng mëll Matière ze produzéieren, eppes dat op der Äerd net esou gelonge war.