Netflix-User musse vum nächste Mount u méi déif an d'Täsch gräifen, wa se weider streame wëllen. All d'Abonnementer gi méi deier, een Abo soll ewech falen.

D'Präisser bei de Streamingdéngschter klammen an Netflix gëtt d'Richtung un. Elo scho krute vill User vun der Streamingplattform e Mail, datt et am Juni eng Hausse vun de Präisser gëtt. Domat bezuelen User, déi schonn en Account hunn, an Zukunft de selwechte Präis wéi nei Clienten. Fir dës hate sech d'Präisser schonn erhéicht.

Fir dat deierst Abonnement, de "Premium"-Abo, ass et eng Hausse vun 2 €, woumat d'Abonnement vu 17,99 € op 19,99 € eropgeet. Och d'"Basis"-Abonnement geet ëm 2 € erop, dat vu 7,99 € op 9,99 €. De "Standard"-Abo geet ëm 1 € erop a kascht vum Juni un dann 13,99 €.

Wéi d'Lifestyle-Portal "Techbook" mellt, soll de "Basis"-Abo an den USA, awer och an Däitschland ganz verschwannen. Abonnente vun deem Pak musse sech da fir en aneren Abo decidéieren oder si verléieren hir Souscriptioun. A Länner wéi Kanada hat Netflix de "Basis"-Abo schonn d'lescht Joer fir nei Clientë gestrach. Och do wäert den Abo an Zukunft fir bestoend Notzer ewechfalen.

Doriwwer eraus schreiwen däitsch Medien, datt d'User an Däitschland an de Mailen opgefuerdert ginn, d'Präishausse vun hirem Abonnement unzehuelen, soss géinge si hir Souscriptioun verléieren. An engem Mail un e Lëtzebuerger User, deen d'Redaktioun geschéckt krut, ass hei vu keng Ried.

RTL