Microsoft ofgeléist
Chip-Produzent Nvidia ass déi wäertvollst Entreprise op der Welt

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/JUSTIN SULLIVAN
Zanter Dënschdeg ass Microsoft domat offiziell iwwerholl. D'Marchéscapitalisatioun läit elo bei iwwer 3,3 Billiounen Dollar, also méi wéi 3.300 Milliarden.
Eleng zanter Enn 2022 huet sech dee Wäert vernéngfacht. An zwar wéinst dem Boom vun der KI, der kënschtlecher Intelligenz. Nvidia gëllt als Spezialist beim Bau vun Chippen, déi vill Rechen-Operatioune parallel kënnen duerchféieren. Viru knapp 2 Wochen eréischt hat Nvidia et gepackt, als drëtt Entreprise iwwerhaapt un der Bourse d'Mark vun 3 Billiounen Dollar z'iwwerschreiden. Bis ewell war dat just Microsoft an Apple gelongen.
Am meeschte gelies