SES-Satellit soll HD-Contenu un 119 Millioune Stéit an Europa liwweren

© SES
D'SES huet e weidere Satellit mat enger Rakéit vu SpaceX an den Orbit bruecht. Den ASTRA 1P soll hir "éischtklasseg TV-Noperschaft" verstäerken.
De Satellit ASTRA 1P ass en Donneschdeg géint 17.35 Auer Lokalzäit mat enger Rakéit vu SpaceX vun der Weltraumgare Cape Canaveral a Florida aus an de Weltall gestart. Dat deelt déi Lëtzebuerger Firma en Donneschdeg den Owend an engem Schreiwes mat.
De "geostationäre Satellit", wéi d'SES schreift, géing hir "éischtklasseg TV-Noperschaft [...] op 19,2 Grad Ost erweideren a verstäerken". Konkreet géing dat bedeiten, datt eng 119 Millioune Stéit an Europa mat Tëleecontenu vun ëffentlech-rechtlechen a private Sender beliwwert ginn. Mat iwwer 80 Transponder soll ausserdeem an héijer Opléisung wéi HD+ ausgestraalt ginn.
Den ASTRA 1P, dee vun Thales Alenia Spaces gebaut gouf, wier dee "leeschtungsstäerkste Satellit op 19,2 Ost" a géing déi aktuell véier Satellitten op der Orbital-Positioun ersetzen. Méi Informatiounen zum ASTRA 1P fannt Dir um Site vun der SES.