Manipuléierte Video weist Gaston Reinesch a Mariette Zenners

Wéi wäit d'kënschtlech Intelligenz scho genotzt gëtt, fir Falschinformatiounen ze verbreeden, gesäit een aktuell an engem Fake-Video.
An engem Video, deen aktuell op de soziale Reseauen ënnerwee ass, gesäit an héiert een d'RTL-Journalistin Mariette Zenners, wéi se op däitsch vun engem "wichtege" Projet vum Gaston Reinesch schwätzt, wou ee virgegaukelt kritt, dass een ouni grouss Finanzkenntnisser oder Investissementer kéint minimum 7.000 Euro pro Woch verdéngen. Am Video gëtt vu Lëtzebuerg geschwat, an de Grafiken ass awer vun der Schwäiz rieds, an de ganze Video ass och op däitsch gehalen.
"Et ass beängschtegend"
D'RTL-Journalistin Mariette Zenners huet schockéiert reagéiert, wéi se de Video gesinn huet. Et wier beängschtegend, wéi realitéitsno de Video wier, a wéi geféierlech dëst kéint sinn. D'Leit riskéieren duerch sou Fake-Videoe ganz liicht ugeschmiert ze ginn, wa se sech net d'Zäit huelen, e genee ze kucken an a Fro ze stellen.
Den Tom Weber, CTO vun RTL warnt, dass där Fake-Videoen an Zukunft ëmmer méi wäerten opdauchen. Wann ee sech bei eppes net sécher ass, wat een an de soziale Medie gesäit, soll een zum Beispill op den Original-Medium kucke goen, ob den Artikel do wierklech ze fannen ass. Bis esou Videoen och op Lëtzebuergesch opdauchen, dierft net méi all ze laang daueren, ma bei Sproochen wéi däitsch, englesch oder franséisch, ass d'Kënschtlech Intelligenz scho vill méi wäit. Deemno ass do de Risiko scho vill méi grouss.
Geklaute Biller gi manipuléiert
Et gëtt mat Video-Material vun RTL-Emissioune geschafft, wou Extraiten aus diverse Sendungen ageblent ginn, dat allerdéngs nach mam alen RTL-Logo. Da gesäit een och de Gouverneur vun der Lëtzebuerger Zentralbank, de Gaston Reinesch, wéi en am RTL-Studio de Finanz-Projet erkläert. Dobäi ass allerdéngs den Original-Toun duerch eng däitsch Versioun ersat ginn. Heibäi koum méi wéi sécher Kënschtlech Intelligenz an den Asaz, well net just d'Stëmm vum Gaston Reinesch gouf imitéiert, ma och d'Beweegunge vu senge Lëpsen passen zum Groussdeel op den däitschen Text, deen een héiert. Wann ee genee kuckt, gesäit een, dass de Mond sech net wierklech natierlech beweegt, ma wann een net oppasst, kéint een drop erafalen.
An der Erklärung geet rieds dovun, dass ee just e klenge Betrag misst abezuelen, an dee géif sech dann automatesch erhéijen. Iwwer 5.000 Lëtzebuerger Famillen hätte sech fir den Test-Modus ugemellt a géifen elo 7.000 Euro d'Woch verdéngen. Et misst ee just de Formulaire ausfëllen an da géif sech e perséinleche Manager bei engem mellen. Da gëtt een nach ënner Drock gesat, et misst ee sech bäimaachen, well d'Plaze wiere limitéiert.
All dëst ass wéi gesot Fake. Faalt deemno net ob esou e Video eran. Falls Dir esou eppes sollt an de soziale Medie gesinn, da mellt de Video als "Fake" oder "Scam". Gäre kënnt Dir eis de Link och op red[at]rtl.lu schécken, da melle mir en och vun eiser Säit.
Wéi kréien ech de Link?
Um Desktop musst Dir op d'Auerzäit klicken, wéini den Artikel oder Video gepost gouf. Da kritt Dir den direkte Link, deen Dir eis da schécke kënnt.


Um Handy musst Dir op déi 3 Punkten an der App drécken, fir dann de Link op de Post ze kréien, deen Dir eis da schécke kënnt.