D'Tech-Branche kënnt an de Foireshalen um Kierchbierg beieneen
Lëtzebuerg huet en neien internationale Rendez-vous. Nexus 2050 ass en Event, dat sech un déi Professionell aus der Technologie-Branche riicht.
Zwee Deeg laang treffen sech an de Foireshalen um Kierchbierg Leit aus der ganzer Welt, fir iwwert kënschtlech Intelligenz, Nohaltegkeet, Cybersécherheet a Finanz-Technologien ze diskutéieren.
D'Zukunft ass d'Stéchwuert vun dësem Evenement. Iwwert 300 Riedner stinn haut a muer op der Bün. Ministeren, auslännesch Politiker, Fuerscher, Grënner a Vertrieder vun internationale Firmen, wéi Google, Airbus oder PWC.
Nexus 2050 soll e feste Rendez-vous ginn, wou d'Acteuren aus der Tech-Branche sech zu Lëtzebuerg treffen, seet de Mike Koedinger vun der der Maison Moderne, deen d’Evenement organiséiert huet. D'Evenement ass wichteg fir de Grand-Duché, dowéinst huet och den Ierfgroussherzog Guillaume zu den éischte Riedner an éischte Visiteure gehéiert.