Den US-Softwarekonzern Microsoft erweidert seng Investitiounsoffensiv am Beräich KI.

D'Firma aus dem kalifornesche Redmond huet e Mëttwoch annoncéiert, 2,2 Milliarden Euro an e Rechenzenter an der nordspuenescher Regioun Aragon wëllen z'investéieren. Änlech Pläng hat Microsoft schonn an de leschte Wochen an Däitschland, Schweden, Frankräich an an e puer asiatesche Länner lancéiert.

Am Mee hat den US-Konzern Investitiounen an Héicht vu 15,7 Milliarden Euro am spueneschen Aragon ugekënnegt. De Cloud-Ubidder vun Amazon wëll do en neie Rechenzenter bauen. Microsoft huet dowéinst och schonn an de leschte Joren an der Regioun investéiert, bis ewell am Ganze 6,7 Milliarden Euro.

De Regionalpresident Jorge Azcón nennt et eng "groussaarteg Nouvelle fir d'aragonesesch Ekonomie", déi sech vun den Investitiounen eng "Sogwierkung" erhofft, fir "weider Entreprisen unzezéien".

Microsoft gëllt och wéinst senge fréien Investitiounen an d'Entwécklung vu sengem Chatbot "ChatGPT" als Virreider bei der KI.