Vinted wéinst schlechtem Ëmgang mat Donnéeë vu Clientë verurteelt
Vinted, d‘Online-Plattform fir Secondhand-Produiten ze kafen an ze verkafen, ass zu enger Strof vun 2,3 Milliounen Euro verurteelt ginn.
Dat wéinst Plainten iwwert den Ëmgang mat den Donnéeë vun de Clienten. Notamment hätt Vinted Demandë fir perséinlech Donnéeën ze läschen, net anstänneg traitéiert.
Verurteelt gouf Vinted an hirem Heemechtsland Litauen. Déi meeschte Plaintë koumen aus Frankräich, wou d‘Plattform déi meeschte Clienten huet.
An enger Reaktioun betount Vinted, datt d'Fäll "a kenger Weis eppes mat der Sécherheet vun den Accounts oder dem Mëssbrauch oder dem Leak vu perséinlechen Donnéeën" ze dinn hätt. Weider heescht et, et géif een d'Sécherheet ganz seriö huelen. Vinted wier net mat der Strof d'accord a géif an Appell goen.