Et war e wichtegen Dag fir d'europäesch Raumfaart. Mat der Ariane 6 huet Europa nees eege Kapazitéiten, fir an de Weltall ze fléien.

Véier Joer méi spéit, wéi eigentlech geplangt, ass déi nei europäesch Träger-Rakéit Ariane 6 en Dënschdeg eng éischt Kéier an de Weltraum gestart.

Den Depart vun der Rakéit war fir 20 Auer en Dënschdeg den Owend eiser Zäit zu Kourou an der Guyanne geplangt. Mat enger Stonn Verspéidung war et du sou wäit an de Start ass gelongen. Esou krut déi europäesch Raumfaart erëm en eegenen Accès zum Weltraum.

D'Ariane 6  soll an Zukunft fir kommerziell an ëffentlech Clientë Satellitten op Orbit bréngen. Beim éischte Start sinn 18 "Passagéier" u Bord. Nämlech Mikrosatellitte vun Universitéiten a wëssenschaftlech Experimenter fir Fuerschungszwecker.

D'Europäesch Raumfaartagence ESA war schonn am Virfeld zouversiichtlech, datt de Start ouni Problemer verlafe wäert. Bei engem Test am Juni hätte lescht Problemer kënne behuewe ginn. "Et ass gutt gelaf, wéi e Schwäizer Auerwierk", sot den Toni Tolker-Nielsen, ESA-Direkter fir Raumtransport. "Et gëtt kee kritesche Punkt, deen de Startdatum a Fro stellt."

Hire Virgänger d'Ariane 5 war no 27 Joer am Asaz am Juni d'lescht Joer fir eng lescht Kéier an den All gestart. Zanterhier konnten d'Europäer net méi eegestänneg Satellitten an d'Ëmlafbunn bréngen.

RTL

© P. Piron / ArianeGroup / AFP