Ronn 60 Kanner tëscht 8 an 12 Joer waren e Mëttwoch um Campus Geesseknäppchen op der 16. Editioun vum Digi-Rallye.

16. Editioun vum Digi-Rallye / Reportage: Laura Trierweiler

An 10 verschiddenen Ateliere goufe si spilleresch iwwer d'Gefore vum Internet opgekläert an hunn eppes iwwert de richtegen Ëmgang am Netz geléiert.

Et ass richteg erstaunlech, wéi gutt si sech auskennen, sou de Steve Streff vun der Post, deen den Atelier "Den Internet ass keng Zauberei" geleet huet.

"Mir sinn ëmmer erëm erstaunt, dass d’Kanner sech am jonken Alter scho ganz gutt mam Internet auskennen, den Internet benotzen. Wann ee freet: 'Wéi verbënnt ee sech mam Internet?', si natierlech wëssen iwwer Handy oder Tablet, wéi dat funktionéiert. Si wëssen och schonn, wat Wifi ass, dass et e Code gëtt, fir sech do ze verbannen, wou een dee fënnt." 

E weideren Atelier huet iwwer den Ëmgang mat Gefiller geschwat, dozou d'Debbie Plein, Coordinatrice vu BeeSecure.

"Da merken wir auch immer wieder, dass es wichtig ist, schon früh die Kinder und deren Umfeld zu sensibilisieren, Gefühle zu erkennen, gut mit Gefühlen umzugehen, weil das auch die Basis ist für ein Online-Verhalten, was verantwortungsvoll und sicherheitsorientiert ist."

Och den Educatiounsminister war beim Rallye dobäi an huet ënnerstrach, wéi wichteg et wier, d'Kanner op déi digital Welt ze preparéieren, fir se esou kënne virun de Gefore vum Internet ze schützen.

"Déi digital Welt gehéiert haut och schonn zur Liewensrealitéit och vu Kanner a vu Jonken an et ass wichteg, dass mer se dorobber präparéieren, mee dass mer se och mat de Gefore kënne vertraut maachen, fir dass se eben net alles gleewen, wat um Netz ass, fir dass se wëssen, wéi se kënne manipuléiert ginn. Mir brauchen haut Jonker mat digitale Kompetenzen, mee op där anerer Säit musse mer se awer och warnen, virun all deene Geforen, déi am Netz laueren", esou den Educatiounsminister Claude Meisch.

D’Kanner hunn e Mëttwoch also geléiert, dass den Internet en zweeschneidegt Schwäert ass. Wou et vu Méiglechkeeten nëmmen esou wimmelt, lauert nämlech och Gefor an déi scho fréi ze erkennen, ass wichteg.