Apple Maps zu Lëtzebuerg ënnerwee

© RTL
Zënter Enn Juli kann een de Navigatiounssystem vun Apple och um Computer benotzen. Domat verstäerke si d'Konkurrenz mat Google.
Apple Maps ass de Navigatiounssystem, dee bis ewell op all Apple-Handy ze fanne war. Zënter Enn Juli kann een Apple Maps elo och um Computer benotzen. De Programm ass den Ament awer nach an der Beta-Phas. D'Versioun fir de Computer huet domat nach net all Funktiounen. Apple steet domat awer direkt a Konkurrenz mat Google. Den Navigatiounsprogramm Google Maps gëtt um Computer zënter scho bal 20 Joer. Eng Partie Leit amuséieren sech hei besonnesch mat der Funktioun Google Streetview, wou een sech Plazen op der ganzer Welt ukucke kann.
Am Kader vun Apple Maps mécht Apple dann elo och nei Opnamen. Nodeems si am Abrëll an Däitschland ënnerwee waren, gouf den Auto mat der Kamera vun Apple Maps um Freideg de Mëtteg an der Stad Lëtzebuerg gesinn.