Brasilien huet Plattform "X" offiziell gespaart

Virdru hat e Riichter schonn decidéiert, datt verschidde Compten op der Plattform gespaart ginn, well dës Falschinformatioune verbreet hunn.
D’Online-Plattform X gouf offiziell a Brasilie gespaart, nodeems d’Firma d’Deadline verpasst huet, fir e legale Representant am Land ze nennen. X bleift esou laang gespaart, bis dat geschitt ass an d’Strofe bezuelt sinn.
D’Ausernanersetzung tëscht dem Online-Déngscht an dem ieweschte Geriicht a Brasilien hat am Abrëll ugefaangen, wéi de Riichter de Moraes Dosende Konten op "X" gespaart hat, well se falsch Informatioune verbreede géingen.
De Firme-Chef Musk gesäit doran eng Verletzung vun der fräier Ried, domat géif e Pilier vun der Demokratie vun engem netgewielte Pseudo-Riichter fir politesch Zwecker zerstéiert ginn.