KI soll Schwëmmer an Echtzäit viru potenzielle Gesondheetsrisike warnen

Eng brittesch Startup huet mat Hëllef vu KI eng App entwéckelt, déi potenziell Schwëmmer an Echtzäit iwwert d’Qualitéit vum Gewässer informéiere kann.
Wien a verschmotztem Waasser schwëmmt, riskéiert gesondheetlech Konsequenzen. Dat ka vun Aen- an Oureninfektiounen, Entzündungen am Mo an Daarm bis hin zu méi eeschte Krankheete goen. Fir dat ze vermeiden, ass et wichteg, d’Qualitéit vu Gewässer reegelméisseg ze kontrolléieren. Zu Lëtzebuerg geschitt dat kuerz virun a wärend der offizieller Schwammsaison (déi vum 1.Mee bis den 30.September geet) op d'mannst eemol am Mount.
Eng brittesch Startup huet elo e System entwéckelt, mat dem jiddereen an Echtzäit op sengem Smartphone kucke kéint, ob d’Waasser propper genuch ass, fir dran ze schwammen oder net.
Wou et haut reell Labosanalyse brauch, kéint zukünfteg eng kënschtlech Intelligenz d’Bakteriëkonzentratioun am Waasser viraussoen. Basis fir dës Prognose si konstant Miessunge vu Sonden, déi ënnert anerem Parametere wéi Temperatur, pH-Wäert an Ammoniakgehalt festhalen. A ganz Südengland sollen di KI-gestëtzte Sensoren elo u Stränn a Badegewässer installéiert ginn.