Apple huet den iPhone 16 presentéiert

© NIC COURY AFP
Um 19 Auer eiser Zäit e Méindegowend huet Apple zu Cupertino a Kalifornien déi nei iPhone-Modeller presentéiert.
Mëttlerweil ass ee bei Apple beim iPhone 16 ukomm. Wéi een et vun Apple kennt, wäert et e Standard- an e Pro-Modell ginn.
Beim Standard-Modell wäerten zwou nei Faarwen dobäikommen: turquoise an ultramarin. Ausserdeem kritt elo och déi normal Versioun vum iPhone de sougenannten Action-Button, bei deem een d'Funktioun, mat deem ee se beleet, selwer kann auswielen. Och wat den Chip ugeet, zéien déi normal Modeller mat de Pro-Modeller gläich. A béide Versioune vum iPhone 16 wäert den A18-chip verbaut sinn. Wéi et vun Apple heescht, wier dat néideg, fir d'KI-Funktioune kënnen ze notzen, déi mat iOS18 solle kommen.
Gréisser Ännerunge ginn et och bei der Kamera. D'Haaptkamera wäert 48 Megapixel hunn. Eng éischte Kéier wäert ee mat dëser och Makro-Fotoen am Ultra-Wäitwénkel kënne maachen. Eng grouss Neierung ass och d'Tast vun der Kamera. Dës ass elo en Touch-Sensor, mat deem ee gläichzäiteg och wäert kënne zoomen. Ausserdeem wäert e sech beim Drécken ufillen, wéi de Knäppche vun enger richteger Kamera.
Schliisslech versprécht Apple méi grouss Akkuen an, domat verbonnen, dass den Akku méi laang hält.
Bei de Pro-Modeller, déi nees aus Titan sinn, kënnt eng nei Faarf bäi: e metallescht Rout, dat Apple "Desert" nennt.
Wat d'Displayen ugeet, soll den normale Pro-Modell en Ecran vu 6,3 Zoll hunn. Beim iPhone pro max soll den Ecran 6,9 Zoll grouss sinn.
Och an de Pro-Modeller ass den A18 Chip verbaut an d'Haaptkamera wäert an enger Opléisung vun 48 Megapixel fotograféieren, An natierlech hunn och si den neien Touch-Sensor, fir ze fotograféieren. Donieft soll ee speziell Faarf-Filter, fir ze fotograféieren, notze kënnen. An och beim Filme gëtt et eng Neierung. Dat soll elo a 4K mat 120 Biller pro Sekonn méiglech sinn.
Donieft huet Apple eng ganz Panoplie vu KI-gestëtzte Funktiounen ugekënnegt. Ënnert anerem soll Kënschtlech Intelligenz automatesch E-Maile resuméieren, déi ee geschéckt kritt. Amplaz vun den éischte puer Zeile vun enger Mail, géif een dann an der Iwwersiicht vun der Inbox Resuméë vu senge Maile gesinn. Och Siri soll duerch d'Integratioun vu KI däitlech méi performant ginn.
Schliisslech soll de Feature "Visual Intelligence" et erlaben, dass den iPhone engem Erklärungen zu Saache gëtt, déi ee fotograféiert.
D'Betounung läit hei allerdéngs op "soll". Fir de Lancement vum neien iPhone, wäerten d'KI-Funktiounen nämlech nëmmen an Nordamerika disponibel sinn. Wéini dat zu Lëtzebuerg de Fall ass, ass den Ament nach net gewosst.