"Teen-Accounts" op Instagram solle Jugendlecher besser schützen

© Solen Feyissa / Unsplash
Meta huet en Dënschdeg sougenannt "Teen-Accounts" annoncéiert, fir Jugendlecher op Instagram besser virun de Geforen op der Plattform ze schützen.
Deemno wäerte User am Alter tëscht 13 a 15 Joer d'office wäerte privat Konte mat méi strenge Sécherheetsreegelen hunn. Domat gëtt ënnert anerem méi streng gereegelt, wien déi Jugendlech kontaktéiere kann a wéi ee Contenu si gesi kënnen.
D'Reegele gëlle souwuel fir schonn aktiv wéi och fir nei User vun Instagram. Fir d'Meta-Vize-Cheffin fir Sécherheetsfroen, d'Antigone Davis, sinn "d'Teen-Accounts" e "wichtegen Update", deen Eltere Sécherheet gi soll. Jugendlecher, déi en ëffentleche Profil mat manner Limitatioune wëllen, well si zum Beispill Influencer wëlle ginn, mussen dofir eng Erlabnis vun hiren Elteren erareechen.
D'Online-Plattform Instagram gëtt virun allem fir d'Deele vu Fotoen a Videoe genotzt. Experte warne viru schiedlechen Effekter fir déi geeschteg Gesondheet vun de jonken Notzer. Fir d'lescht war den Drock op de Mammekonzern Meta, zu deem och Facebook, Whatsapp a Messenger gehéieren, dowéinst gewuess.
Iwwer 40 US-Bundesstaaten hu Meta viru knapp engem Joer wéinst dem Risk vun der séilescher a kierperlecher Gesondheet vu Kanner a Jugendleche verklot. Si reprochéiere Meta, seng Online-Déngschter "op manipulativ Aart a Weis ze gestalten, esou datt Kanner ofhängeg ginn a gläichzäiteg u Selbstbewosstsinn verléieren".
Kritiker gesinn awer och dës Mesure skeptesch. Instagram géing "süchteg maachen", sot de Grënner vum Social Media Victims Law Center, de Matthew Bergman. Kanner géing "net dat gewisen, wat si gesi wëllen, mä dat, wouvu si dann net méi lass kommen". De Verband representéiert 200 Elteren, där hir Kanner sech d'Liewe geholl hunn, "nodeem si dozou duerch vun Instagram oder TikTok recommandéiert Videoe verleet goufen".