D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt virun enger ëmmer méi "problematescher" Benotzung vum Internet duerch Jonker an Europa.

D'Date vun der WHO weisen, dass ronn 11 Prozent vun de Jugendlechen am Joer 2022 e Suchtverhale bei soziale Medien un den Dag leeën. Viru 4 Joer waren et just 7 Prozent. Donieft spillt een Drëttel vun e Jugendlechen all Dag Online-Spiller, 22 Prozent vun hinnen op d'mannst 4 Stonne laang.

Et wier kloer, dass een "direkt a permanent Moossname" bréicht, fir de Jonken ze hëllefen, hire potentiell schiedleche Gebrauch vum Handy, respektiv sozial Medien ze bremsen. Hu si den Handy ze vill am Grapp suergt dat net just fir schlecht schoulesch Leeschtungen, ma noweislech och fir Depressiounen, Mobbing an Ängschten, sou de WHO-Europa-Direktor Hans Kluge. Zu de suchtaartege Symptomer gehéiert d'Onfäegkeet, d'Medien-Notzung ze kontrolléieren, Aktivitéite gi vernoléissegt oder anert negatiivt Behuelen am Alldag.

D'WHO verweist op d'Date vun 280.000 jonke Persounen am Alter vun 11, 13 a 15 Joer aus 44 Länner an Europa, Zentralasien a Kanada. Deemno ware weiblech rumänesch Jugendlech am Alter tëscht 13 a 15 Joer mat 28 Prozent am stäerkste vun enger problematescher Internet-Benotzung betraff sinn. Ënnert de männlechen hollänneschen Teenager war de Phenomen am seelensten, nëmmen 3 Prozent hunn esou Symptomer opgewisen.

Wat awer opfält, a sämtlechen Alterskategorien hunn déi Jonk e problematescht Verhalen am Hibléck op Onlinespiller. An hei ware mat 16 Prozent däitlech méi Jonge betraff wéi Meedercher (7%).

D'Sozial Medie beherrschen a sech net beherrsche loossen

Ganz verdäiwelen, wëll d'WHO dat Ganzt och net, Online-Reseauen hätten och hir Virdeeler. 36 Prozent vun de jonke Mënschen huet uginn, online an engem bestännege Kontakt mat hire Kolleegen ze sinn. Bei de 15 Joer ale Meedercher sinn et souguer 44 Prozent.

Jonk Leit "sollten d'sozial Medie beherrschen a sech net vun de soziale Medie beherrsche loossen. Dat seet d'Natasha Azzopardi-Muscat, Directrice fir Gesondheetspolitik a -systemer vun de Länner bei der WHO fir Europa. Vun der Organisatioun ass et dann och den Appell un d'national Autoritéiten, an d'Vermëttlung vun der digitaler Kompetenz a Schoulen z'investéieren, wéi och an d'Verbesserung vun de psychosoziale Servicer an d'Ausbildung vum Personal am schouleschen an och medezinesche Beräich. Och missten d'Ubidder vun Onlinenetzwierker sollen zur Rechenschaft kënne gezu ginn.