Fir d'Äerd an Zukunft besser virum Opprall vun Asteroiden ze schützen, start d'ESA d'Missioun Hera.

D'Raumsonde, déi e Méindeg oder en Dënschdeg an de Weltall soll starten, soll zwee Joer no enger kontrolléierter Kollisioun vun enger NASA-Sonde mat engem Asteroid d'Auswierkunge vum Experiment méi genee analyséieren.

Mat enger Falcon-9-Rakéit vu SpaceX soll d'Hera vum Kennedy Space Center a Florida aus fir hiren zwee Joer laange Fluch an d'All starten. Den éischte Rendez-vous fir de Start, deen op e Méindeg 16.52 Auer eiser Zäit gesat gouf, kéint awer wéinst méiglechem Donnerwieder musse verréckelt ginn. SpaceX no wier d'Wieder viraussiichtlech just zu 15 Prozent gutt genuch fir e Start. Falls dëse verréckelt gëtt, gëtt en Dënschdeg 16.46 Auer eiser Zäit als Alternativ viséiert. Am Ganzen hätt een Zäit bis de 27. Oktober.

Nom Start soll d'Hera 2025 laanscht de Mars fléien an 2026 beim Duebel-Asteroid Didymos an Dimorphos ukommen. Den Duo besteet aus dem Primärasteroid Didymos an dem méi klengen Asteroide-Mound Dimorphos, deen den Didymos ëmkreest. De 26. September 2022 war d'NASA-Sonde Dart kontrolléiert op den Dimorphos ageschloen an huet d'Fluchbunn vun dësem verännert.

Duerch d'Kollisioun vum Dart gouf d'Ëmlafzäit vum Asteroide-Mound der NASA no vun ursprénglech 11 Stonnen 55 Minutten ëm 33 Minutte verkierzt an domat méi no un den Didymos bruecht. D'Raumsonde Hera soll deemno analyséieren, wéi genee sech d'Form vun den Asteroiden duerch den Aschlag verännert huet.

Aus den Donnéeë vun der Missioun soll da berechent ginn, wéi et gelénge kéint, aner Himmelskierper ze deviéieren. Vun de Milliarden Asteroiden a Koméiten an eisem Sonnesystem ginn zwar nëmmen e puer wéineg als potentiell geféierlech fir d'Äerd klasséiert. Fir déi kommend 100 Joer gëtt net mat enger Kollisioun gerechent. Datt iergendwann awer erëm en Himmelskierper an d'Äerd aschléit, gëllt als warscheinlech.