Google bedreift Kënschtlech Intelligenz an Zukunft mat Atomstroum

© AFP
Den US-Konzern huet e Kontrakt mat der Startup-Entreprise Kairos ofgeschloss, deen de Problem vum groussen Energieverbrauch léise soll.
An den USA wëll Google vun 2030 u fir d'Energieversuergung op speziell kleng Atomreakteren zréckgräifen. Duerch d'Entwécklung vun der KI hätt den elo scho groussen Energieverbrauch a leschter Zäit weider zougeholl, well déi Programmer eng immens grouss Zomm un Donnéeë verschaffe géifen.
D'Startup-Entreprise Kairos huet sech op de Bau vu klenge moduläre Reaktere spezialiséiert, déi jeeweils eng Leeschtung vu bis zu 500 Megawatt produzéiere kënnen. Enn 2023 krute si am US-Bundesstaat Pennsylvania eng éischt Erlabnes, fir en Atomreakter ze testen, dee mat Fluorid-Salz gekillt gëtt. Elo wiere si prett, mat groussen Entreprisë wéi Google zesummenzeschaffen. Och aner grouss Konzerner sinn an den USA a leschter Zäit op der Sich no alternativen Energiequellen.
De Google-Chef fir Energie a Klima, Michael Terrell, huet dobäi betount, datt déi Zort vun Energie e groussen Deel zu der ekologescher Entwécklung vun den neien Technologien, dorënner der KI, géif bäidroen.