Um Luxembourg Sustainibility Forum goufen am Tramsschapp um Lampertsbierg déi neisten Erfindunge mat KI virgestallt, all am Kontext vun der Nohaltegkeet.

Wien u kënschtlech Intelligenz denkt, denkt entweder positiv oder negativ driwwer no, wa mer awer elo d’KI a Punkto Nohaltegkeet betruechten, ka se an Zukunft ville Leit, déi eng Behënnerung hunn oder fir aner Zwecker, wat Nohaltegkeet ugeet, hëllefen.

Dem Rumän Cornel Amariei säi Brëll fir Blanner kënnt an e puer Méint op de Marché. Mir hunn eis seng Erfindung erkläre gelooss an hunn awer och de "QT Robot" kennegeléiert. E Roboter, dee Kanner mat Autismus hëllefe soll, fir besser duerch den Alldag ze kommen.

Och d’Stad Lëtzebuerg interesséiert sech fir all dës nei Technologien, déi Kënschtlech Intelligenz soll herno och zu Lëtzebuerg agesat ginn, sief et fir d'Gesondheet vun eise Beem oder d’Qualitéit vun der Loft, alles fir eng Verbesserung vun der Situatioun ze erreechen. Déi Kënschtlech Intelligenz soll eis Mënschen hëllefen.