Wat ass dat iwwerhaapt?
Lëtzebuerg huet en zweete Crypto-Timber
E Crypto-Timber ass en Timber, deen u sech an zwou Formen existéiert, wann een e fir 9 Euro keeft.
Engersäits e virtuellen Timber, deen een online a sengem Wallet ka kucken, awer dobäi och en Timber, deen e kann oppechen a verschécken. Mir hunn de Responsabele vun der Post getraff, deen eis erzielt huet, wéi een déi sammele kann an och mat aneren dräi Länner aus der EU tausche kann.

Donieft si mer awer och e Philatelist heem besiche gaangen, deen am Ufank skeptesch war, wat de Crypto-Timber ugeet, elo awer Blutt geleckt huet.

Am meeschte gelies