Wéi eng Eltere stelle sech net d’Fro: Wou soll ech Limitte setze bei Handy, Laptop, Tëlee oder Videospiller? Äntwerte vum Psychiater a Psycholog

Hei de ganzen Interview mam Serge Tisseron

De Serge Tisseron war op Invitatioun vum Educatiounsministère zu Land fir eng Konferenz am Kader vun der Campagne «Screen-Life-balance»,  fir déi sech iwwer 600 Intresséierter ugemellt haten: Professioneller awer och Elteren, déi oft veronséchert sinn a wësse wollten, wéi si hire Kanner Grenze setzen kënnen.

Altersgerechte Gebrauch

Et hänkt  also dervun of, wéi al si sinn,  seet ee vun den unerkannte  Spezialisten, den Dr Serge Tisseron, hien huet e System ausgeschafft, deen am Frankräich als "Balise 3-6-9-12" bekannt ass, a wou et ëm den altersgerechte Gebrauch vun all Zort vun neien Technologie geet.

Ënner 3 Joer sollte Kanner guer kengem Ecran ausgesat ginn, esou de  Psychiater a Psycholog, fir hir Entwécklung an hir Relatioun zur Welt net ze stéieren.

De Ministère huet jo och decidéiert, fir de Gebrauch vu Smartphonen an de Schoulen ze verbidden oder ze begrenzen. Grënn fir Limitten a Verbuet ginn et der jett, ugefaange mat der Opmierksamkeet a Konzentratioun, déi noléisst, bis hin zu Contenuen, deene Kanner a Jonker ausgesat kënne ginn, déi si iwwerfuerderen oder manipuléieren, grad och an de Soziale Reseauen.

Et ass wichteg, d’Kanner ze begleeden, et kënnt op hiert Ëmfeld un, wat déi Erwuesse virliewen an ob si mat hinnen am Dialog bleiwen. Panik wier net ugesot, awer wuel misst ee sech bewosst sinn, dass ee mat engem Smartphone an der Täsch Zougank zu Allem huet, an et onméiglech ass nach ze kontrolléieren, wat déi Jonk sichen oder mat wat se onfräiwëlleg konfrontéiert ginn.

Afloss vun Trump a KI

Wat fir Jonker gëllt, gëllt och fir déi Erwuessen, och si loosse sech stressen a manipuléieren an den Afloss vun de neien Technologië gëtt ëmmer méi grouss an et ass och eng Schwieregkeet an Zukunft nach ënnerscheeden ze kënnen, wat Mënsch a wat Maschinn, dat heescht Kënschtlech Intelligenz ass, déi bewosst och ëmmer méi mënschlech Zich aprogramméiert, kritt fir d’Grenzen ze verwëschen.

All dat ass och schonn am Asaz an der Politik an a Walcampagnen, an hätt och zur Victoire vum Donald Trump bäigedroe mat sengen ganz simpelen Messagen, déi perfekt bei sozial Reseauen passen. D'Tatsaach dass en Elon Musk Patron vun der Plattform X elo nach méi Muecht kréie wäert, ass fir de Serge Tisseron extrem geféierlech.