Rekordzomm
Amazon huet 2023 eng Milliard Euro zu Lëtzebuerg investéiert

Am Kader vun der Joresversammlung vun der Firma, déi dësen Donneschdeg ofgehale gouf, huet Amazon seng Zuele presentéiert.
Eleng fir 2023 huet Amazon méi wéi eng Milliard Euro an d'Land investéiert, sou datt d'Investissementer zu Lëtzebuerg zanter 2010 op iwwer 9 Milliarden Euro bruecht géinge ginn.
D'Investitioune vun Amazon am Joer 2023 hätten indirekt zu méi wéi 6.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg bäigedroen, dat a Secteuren esou variéiert wéi Bau, Logistik a Geschäftsservicer, no Schätzunge vun der onofhängeger Berodung Keystone Strategy.
Am meeschte gelies