En Dënschdeg stellt déi chineesesch Tech-Entreprise een neien Handy vir, dee mat der Konkurrenz aus dem Westen an Zukunft op Aenhéicht soll sinn.

Mam Huawei Mate 70 soll zu Shenzhen a China en Dënschdeg eng nei Ära an der Konkurrenz mat den Apple- an Android-Betribssystemer virgestallt ginn. Dat ass op jiddwer Fall de Plang vun der chineesescher Tech-Entreprise. Dat besonnescht um neie Smartphone läit am Betribssystem, deen eng éischte Kéier vun Huawei selwer an net wéi bis elo mat Android lafe soll. Huawei hat jo och scho méi laang en eegenen Appstore, nodeem et zu Sanktioune vun der viregter Trump-Regierung komm war. "Harmony OS" heescht dëse System, deen net nëmmen Android, ma donieft och iOS vun Apple an de Schiet stelle wëll.

Virun allem och wéinst de jéngste politesche Spannungen tëscht China an den USA ass d'Presentatioun ee weidere Schrëtt, dee weise soll, datt een och an deem Secteur net op westlech Software ugewisen ass. Trotz den héijen Erwaardunge bleift Experten no ofzewaarden, wéi vill Applikatioune bei deem neie Betribssystem vun Ufank un disponibel wäerte sinn. Et wier deemno trotz groussen Investissementer ëmmer eng grouss Erausfuerderung, ee ganz neie System um Marché, virun allem och international, ze etabléieren.

Zanter der Annonce gouf den neien Huawei Mate 70 eleng scho virun der offizieller Presentatioun en Dënschdeg iwwer dräi Millioune Mol a China virbestallt.