No wat gouf 2024 zu Lëtzebuerg am meeschten op Google gesicht?

© AFP
Google huet an engem Rapport verëffentlecht, no wéi enge Froen, Nimm an och anere Begrëffer d'Notzer aus Lëtzebuerg dëst Joer am meeschte gesicht hunn.
"Wéi wielen Ech zu Lëtzebuerg?" - dës Fro gouf dëst Joer am meeschten an enger Google-Recherche hei am Land gestallt. Aner Froen, déi interesséiert hunn, waren der iwwer d'Zoumaache vun engem Instagram- oder Facebook-Account a wéi ee vun 3%-TVA hei am Land profitéiert.
Am meeschte gouf dëst Joer d'Stéchwuert "UEFA Euro" gesicht, virun der "CAN" an Afrika an der "Copa America". Och nom Doud vum One Direction Sänger gouf vill nom Liam Payne gesicht, grad wéi nom Numm vum Alain Delon, dem iPhone 16 an enger neier Fastfood-Chaîne op Esch Belval.
Aner Sich-Tendenze fir Google vu Lëtzebuerger Awunner waren d'US-Walen, respektiv den Numm vum Donald Trump, grad wéi de Lamine Yamal, d'Kate Middleton, den DJ Bobo, d'Filmer Saltburn an Dune II an d'Serië Bridgerton a Baby Reindeer.
Eenzege Lëtzebuerger an den Top 10 bei der Sich no Leit, déi dëst Joer verscheet sinn, ass iwwregens den Affekot Gaston Vogel.