E Mëttwoch den Owend solle verschidde User Probleemer mat de soziale Reseaue vu Meta gehat hunn.

Wéi op Sitte wéi allestörungen.de ze gesi war, war de Gros vun den technesche Schwieregkeete géint 19 Auer opgetrueden. D'Mammenentreprise vu Facebook, Instagram a Whatsapp, Meta, hat sech um Kuerznoriichtendéngscht X zu Wuert gemellt an d'Pann confirméiert, déi wuel weltwäit opgetrueden ass.

"Mir sinn eis bewosst, datt en technesche Probleem verschiddenen Notzer hiren Accès op eis Appen beanträchtegt. Mir schaffen drun, fir alles nees an d'Rei ze bréngen an entschëllegen eis fir d'Ëmstänn.", hat et vu Meta geheescht.

Deemno gouf et Probleemer dobäi, Feeds ze lueden oder op WhatsApp Messagen ze verschécken oder z'empfänken.

Dës Probleemer goufen antëscht awer zu 99% geléist, wéi Meta offiziell matgedeelt huet. Et géif een awer nach eng Partie "Checks" maachen.