Zwee nei Satellitte vun der SES an de Weltraum geschoss
En Dënschdeg goufen zwee nei Satellitte vun der SES mat Succès vum Kennedy Space Center a Florida aus an de Weltraum geschoss.
Héichgeschwindegkeetsinternet op den entleeënste Plazen, an de Bierger oder um Mier - Mam Wonsch no ëmmer méi Vernetzung gëtt och ëmmer méi Dateniwwerdroung per Satellit gebraucht. D'Lëtzebuerger Firma SES wëll do Virreider sinn an ass amgaangen, en neie System an eis Äerdëmlafbunn ze schécken.
U Bord vun enger Falcon 9 sinn d’Nummer 7 an 8 vun den am ganzen 13 O3b-mPower-Satellitte de 17. Dezember ënnerwee op hir Ëmlafbunn. D’SES schafft wéi scho bei de Starte virdru mat der amerikanescher Firma SpaceX zesummen. Zanter Dezember 2022 ass d’SES mat deem neie Programm amgaangen, operationell goufen déi éischt Satellitten am Fréijoer dëst Joer.
Gebaut ginn d’Satellitte bei Boeing a Kalifornien. D’SES huet der am Ganzen 13 bestallt. Eigentlech waren der nëmmen 11 virgesinn, ma wéinst initialen technesche Problemer gouf opgestockt. 1,9 Tonne weit esou en neie Satellit, also däitlech méi liicht wéi déi üblech 3,75 Tonnen. Am Géigesaz zu méi ale Modeller sinn hei och manner Komponente verbaut. Mam Fliger gi se dann op d’Cape Canaveral a Florida bruecht.
D’O3b-mPOWER si Medium-Earth-Orbit-Satellitten (MEO), déi an enger Héicht vun 8.000 Kilometer ronderëm d’Äerd kreesen. Dat ënnerscheet se vu Low-Earth-Orbit-Satellitten (LEO) wéi zum Beispill Starlink-Satellitten. Um MEO gi manner Satellitte gebraucht, fir eng breet Couverture z’erreechen. D’O3b-Mpower schaffe mat 5.000 steierbare Signaler, sougenannt "Beams", déi zum Beispill e Fliger oder e Schëff suivéiere kënnen. Zu de Clientë vun der SES gehéieren dofir Croisièresoperateuren, fir déi d’SES ënnert anerem mat Starlink, Microsoft, Vodafone an der Nato zesumme schafft.
D’Demande an de Beräicher Mobilitéit, Industrie an Defense klëmmt, iwwerdeems se am traditionellen Tëleesberäich zeréckgeet. D’Satellittegeschäft ass domat aktuell am Wandel. Ausserdeem wiisst d’Konkurrenz duerch privat Firmen. Zu Lëtzebuerg ass d’SES jo och aktuell an der Diskussioun, well ee Plazen ofbaue wëllt. Déi lescht 5 O3b-mPower-Satellitte sollen am Laf vum nächste Joer eropgeschoss ginn.
De Lancement vun de Satellitte 7 an 9 war virdru schonn e puer mol wéinst schlechte Wiederkonditioune verréckelt ginn.