Vun elo u soll de Chaos mat de Luedkabele fir Handy, Laptop an aner elektronesch Apparater lues a lues eriwwer sinn.

Déi meescht Apparater, déi an der EU verkaaft ginn, musse vum 28. Dezember 2024 un en eenheetleche Stecker hunn, an zwar den USB-C. Elo gëllt dat fir Handyen, Tabletten a mobil Kopfhörer oder Boxen, fir d’Laptoppen dann eréischt vum Fréijoer 2026 un.

RTL

Domat géif der EU no bis zu 11.000 Tonne Knascht pro Joer gespuert  ginn. Wann een en neien Apparat keeft, soll  ee selwer kënnen decidéieren, ob een de Luedkabel matkeeft.

Et dierfen vun elo un an der EU deemno keng Handyen oder soss kleng elektronesch Apparater vun den Hiersteller verkaf ginn, déi keen USB-C Uschloss hu fir ze lueden. Betraff dovunner sinn ënnert anerem d'iPhone-Modeller 14 an SE.

De Verkafsverbuet gëllt just fir d'Hiersteller vun de Produiten, awer net fir d'Händler. Déi dierfen och weider Produiten ubidden, déi keen USB-C Uschloss hunn, soulaang dës virun Dezember 2024 op de Marché komm sinn. Et dierft also nach eng Zäitchen daueren, bis d'Regaler mat deene Produiten eidel sinn.