D'Faktenchecker, déi et zënter 2016 gouf, ginn ofgeschaaft. Hir Aufgab war et ze préiwen, ob de Contenu wouer ass.

Dat huet de Meta-Chef Mark Zuckerberg annoncéiert. Domat passt ee sech der Plattform X vum Elon Musk un.
Och bei Meta gi lo sougenannt "Community Notes" agefouert. Notzer solle falsch Aussoe markéieren an an der Plaz richteg Informatioune liwweren.