Den éischten Testfluch vun der Rakéit "New Glenn" vun der Raumfaart-Entreprise "Blue Origin" gouf op en Neits verréckelt.

Wéi eng Vertriederin vun der Entreprise vum Amazon-Grënner Jeff Bezos e Méindeg de Moie matgedeelt huet, wieren technesch Problemer de Grond fir d'Ofbrieche vum Start vun der Rakéit. Nom Ofbroch war e Start, bannent den dräi Stonnen, déi fir de Lancement vun "New Glenn" virgesi waren, net méi méiglech.

De Start vun der Rakéit gouf bannent de leschten Deeg schonn e puer Mol verréckelt. Wéi et vu "Blue Origin" heescht, wéilt een elo préiwen, ob en neie Start bannent den nächsten Deeg méiglech ass.

D'Rakéit "New Glenn" ass nom amerikaneschen Astronaut John Glenn benannt. Mat hir wëll "Blue Origin" Satellitten an den Orbit bréngen. Déi aktuell Rakéit vu "Blue Origin" "New Shepard" erreecht d'Héicht, déi dofir néideg ass, net.