Wat bedeit d'Ofschafe vum Faktencheck bei Facebook an Instagram?

© JAAP ARRIENS NurPhotoNurPhoto via AFP
De Mark Zuckerberg, Chef vu Meta, huet an engem Video drastesch Ännerunge beim Faktencheck fir Facebook, Instagram, an Threads annoncéiert.
Wat dat fir Konsequenzen huet, a wéi ee sech trotzdeem virun Desinformatioune schütze kann, hu mir BeeSecure gefrot.
De Jeff Kaufmann, Mataarbechter bei BeeSecure, ass spezialiséiert a Sujete wéi falsch Informatiounen um Internet an op de sozialen Netzwierker. Ëm wat geet et beim Faktencheck? "Fact-checking ass eng Aart a Weis, fir eeben ze kontrolléieren, ob eng Informatioun, déi een um Internet begéint, ob déi effektiv op Fakte berout oder ob déi mat der Wouerecht net esou eescht huelen. Dofir ass e Fact-checking prinzipiell eng gutt Saach, déi mir den Notzer och effektiv un d' Häerz ginn."
Wéi gesinn d’Ännerunge bei Meta genee aus? Gëtt elo guer kee Faktencheck méi bedriwwen?
"Déi Ännerung, déi elo kënnt, ass net, dass elo guer kee Fact-checking méi do ass, mee si wäerten an d' Zukunft mat Community-Note schaffen, dat ass eng Aart a Weis, da kennt een, bei X ass dat elo an der Lescht agefouert ginn, mee e kënnt een awer och zum Beispill bei Wikipedia. Dat heescht, d'Notzer gi méi an d'Responsabilitéit geholl. Den eenzelen Notzer kann zum Beispill dann e Fact-checking bedreiwen, en zweeten Notzer kann dee Fact-checking dann erëm iwwerpréiwe goen."
Wéi eng Konsequenzen hunn dës Ännerunge fir d’Notzer vu Facebook a Co zu Lëtzebuerg?
"Zum Beispill alles, wat Incitatioun à la Haine ass, also Opruff zu Haass oder Incitatioun à la Violence, Opruff zu Gewalt, souwuel offline wéi och online, also am Internet, och net legal ass a strofbar ass. Dat heescht, fir hei am Land gëllt weider d'Lëtzebuerger Gesetzer an net elo d'Gesetzer wéi zum Beispill an den USA."
Wéi kann ee sech dann elo am beschte virun Desinformatioune schützen?
"Fir eis ass et einfach wichteg, dee Message matzeginn, dass den Notzer gestäerkt erauskënnt, dass den Notzer opgekläert gëtt, wéi ee mat Informatiounen am Internet ëmgeet, dass do Risiken domadder verbonne sinn, zum Beispill vun enger Meenungsmanipulatioun, dass ee sech dees muss bewosst sinn, fir dass ee bescht méiglech gestäerkt kann duerch déi Welt navigéieren. An dat ass eis Missioun. Mir setzen do op d'Sensibiliséierung an och, also op d'Mediekompetenz, dass d' Leit eebe beschtefalls gerüst sinn an déi néideg Skills hunn, fir esou falsch Informatiounen ze erkennen an och da verantwortlech mat deenen Inhalter ëmzegoen."
Trotzdeem kann ee sech d’Fro stellen: Ass dës Decisioun vum Zuckerberg eng Gefor fir ons Demokratie? Wat kann d’ EU dem entgéint setzen, a wéi definéiere mir iwwerhaapt Meenungsfräiheet?