D'Popularitéit vun den digitale Wärunge klëmmt
Kryptowärunge sinn digital Wärungen, déi reng elektronesch existéieren.
Dacks hunn d'Leit nach falsch Virstellungen doriwwer, wat Kryptowärunge sinn. Sue fir Krimineller. Geld, dat vun engem Dag op deen anere verschwanne kann. An awer schwätze mer schonn zanter Méint, deelweis souguer Joren iwwer den Hype ëm dee bekanntste Coin, de Bitcoin. An ëmmer nees neie Rekorder bei der Valeur. Ferm geklommen ass de Bitcoin besonnesch no den US-Walen zejoert an der Victoire vum Donald Trump, dee jo bekanntlech Pro-Krypto ass.
Wie keeft dann aktuell nach ëmmer Bitcoins?
Tim Morizet: Ech mengen effektiv virun allem Leit, déi bis ewell nach net bei dëser Aventure dobäi waren a fir déi déi digital Wärung vläicht awer nach e bëssen onheemlech war. Et si virun allem Leit, déi fäerten, eppes ze verpassen, wa se net op den Zuch opsprangen.
Sou ganz verstanen hu vill Leit de Prinzip hannendrun nach net, mä wann de Marchéspräis klëmmt, schéngt et jo logesch, do wëlle mat dobäi ze sinn.
Du sees selwer: eng Rëtsch Leit hunn de Prinzip nach net ganz verstanen. Wéi géifs du et – vereinfacht – erklären? De Bitcoin, wourop baséiert en? Wéi eng Reserven existéieren?
Do ginn et elo 2 Begrëffer: Bitcoin selwer an et gëtt Krypto. Dat muss een e bëssen auserneenhalen. Also Bitcoin ass Krypto, mee Krypto ass net direkt Bitcoin.
Ganz einfach ausgedréckt: Den Investisseur huet jo eng Virléift fir Saachen, déi knapp um Marché sinn. Wann een elo iwwert déi lescht 10 Joer kuckt. D'Reserv u Gold ass iwwer dat lescht Joerzéngt ëm 10% geklommen. De Bitcoin ëm ronn 50%. Déi europäesch Suen am Ëmlaf hu sech verduebelt. Den Dollar huet sech versechsfacht. Lo ass déi logesch Fro: Wat huet hei méi Valeur? A beim Bitcoin ass et esou, datt d'Quantitéit limitéiert ass. Déi geet bis 21 Milliounen. Do läit een aktuell bei ëm déi 19. Do geet also nach e bëssen eppes. Mee d'Nofro ass jo gigantesch. Dat heescht, ëmmer méi Nofro stéisst op limitéiert Offer. Ëmmer méi Dollaren an Euroe wëllen dat nämmlecht: Bitcoine kafen.
Lo huet de Bitcoin am Dezember d’lescht Joer fir d'éischte Kéier d'100.000-Euro-Grenz erreecht. Aktuell läit en awer nees bei ëm déi 90.000 Euro. Et si grouss Variatiounen. Huet de Bitcoin iwwerhaapt eng Valeur hannert sech stoen?
Beim Bitcoin ginn et ëmmer nees gréisser Variatiounen. Verschidde Spezialiste gi jo dovunner aus, datt de Coin an e puer Joer bei 300.000 bis enger hallwer Millioun Euro kéint leien. An 10 Joer wäert de Bitcoin weider eng Raritéit bleiwen. An et wäerten nach vill méi Wärungen, also och Krypto (digital Wärungen) am Ëmlaf sinn. D'Leit froe sech dann natierlech: wou kann ech mäi Geld placéieren. Wou ass et "sécher".
Fir vill Leit ass Boergeld méi sécher. Do kann een natierlech och argumentéieren: ass dat net just e Stéck Pabeier mat enger Ënnerschrëft drop? Aner Leit soe Gold wier eng sécher Anlag, mä domat kann ech jo direkt näischt ufänken. Dat spillt sech also och haaptsächlech am Kapp of. Beim Bitcoin si mer den Ament an engem Prozess, wou ee sech nach muss dru gewinnen - Am Ufank war et onheemlech. Elo maachen et méi a méi Leit. An dat wäert dann an enger Welt, déi och ëmmer méi digital gëtt, en änleche Status hu wéi Gold.
Krypto huet scho laang näischt méi mat kriminellen Energien ze dinn.
Och d'Banken zéie mat, op allefall déi grouss international Boîtten. Goldman Sachs oder Fidelity hunn dëse Summer zum Beispill honnerte Milliounen US-Dollar a Bitcoin-ETFen, also elektronesch Fongen-Transferten, op der Wallstreet placéiert.
Ugangs gouf d'Benotze vu Krypto dacks mat kriminelle Machenschaften a Verbindung gesat – Jo. Déi Zäite sinn awer längst eriwwer. Investitiounen a Kryptowärunge bidden zwar attraktiv Chancen, sinn awer och mat héije Risike verbonnen. Se sinn net wéi Aktien oder Fongen op gewësse Plazen zentraliséiert. An et kënnen extreem Wäert-Schwankungen no uewen, mee och no ënne ginn.
Aktuell ginn et ronn 24.000 verschidde Kryptowärungen, déi op iwwer 600 Boursse gehandelt ginn. D'Marchékapitaliséierung läit hei bei iwwer enger Billioun Dollar. De Bitcoin ass hei déi éischt Blockchain, also eng Ketten un eemoleg generéierte Coden, déi d'Hierkonft an d'Transaktioune späicheren. Eng technesch Sécherheet fir datt se net kënne gehacked oder manipuléiert ginn. Dofir si Banke bei Kryptowärungen net néideg.
Wéi sinn d’Kryptowärunge reglementéiert?
Binance an aner grouss Kryptoportaler funktionéiere schonn zanter Jore gréisstendeels mat EU-Richtlinnen. De Bitcoin gouf jo och bekannt well een e selwer ka "minen". Dobäi stellt een dem Bitcoin-Netzwierk d'Rescheleeschtung vu sengem Computer zu Verfügung, fir zum Beispill Transaktiounen ze verifizéieren. Als Belounung kritt een da selwer Bitcoins. Well mat der Zäit awer ëmmer méi Recheleeschtung néideg ass, fir Transaktiounen ze verifizéieren, an d'Belounungen ëmmer méi niddreg ginn, lount sech dat mat den aktuelle Stroumpräisser zu Lëtzebuerg net méi. Dofir gi Kryptowärungen iwwer Kryptoboursse kaaft.
Hei reglementéiert d'EU och ëmmer méi. Dofir ass Krypto och net méi richteg anonym. Transaktioune ginn iwwer ëffentlech siichtbar Adresse gemaach a ginn och ëffentlech agedroen. Déi digital Wärunge ginn och virun allem fir international Geld-Transferte benotzt. Si sinn dacks méi séier ewéi Banken an d'Käschte vun den Transferte si méi niddereg.
Kann eigentlech jidderee seng eege Wärung esou schafen?
Jidderee kann – mat genuch informatescher Erfarung – eng Kryptowärung erstellen. Déi ass dann awer näischt wäert. Ausser d'Leit sprangen dann drop. Hei huet een awer – besonnesch bei Jonken – ëmmer nees en "Hype"-Effekt. Witzeg Kryptowärunge ginn zu Memes. An d'Leit fänken un ze investéieren. Populär an aktuellt Beispill: de Fart, also Fuerz-Coin. Eng digital Mënz, déi näischt wäert war an elo iwwert engem Euro läit.