D’Text-to-Speech-Technologie gëtt et schonn zanter Laangem an anere Sprooche wéi Englesch oder Däitsch. Elo gëtt et se och op Lëtzebuergesch.

D’Lëtzebuerger Sprooch kritt elo eng nei Stëmm. An de leschte Joren huet Lëtzebuergesch en däitlechen Opschwong an der Technologie gemaach. Elo geet et nach e Schrëtt méi wäit mat engem neie Programm vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen et erlaabt, geschriwwenen Text a geschwate Sprooch ëmzewandelen.

D'Sproochmaschinn vum ZLS / Reportage Carla Schuller

D’Text-to-Speech-Technologie gëtt et schonn zanter Laangem an anere Sprooche wéi Englesch oder Däitsch, mee fir d’Lëtzebuerger Sprooch war et bis elo schwéier ze realiséieren. Nodeems den ZLS 2022 d’Schreifmaschinn virgestallt huet, gouf dëse Programm elo mat der Liesmaschinn kombinéiert. Den Ursprong vun dësem System läit awer scho méi wäit zeréck, erkläert de Marco Barnig, en Tech-Pionéier an der Sproochsynthees:

"2014 hat ech selwer mat engem Modell, deen E-Speak geheescht huet, ugefaangen, deen ech dunn awer net fäerdeg gemaach hat. Virun ongeféier 5 Joer hunn ech dee rëm opgegraff, well et déi Phoneem-Technik, déi een deemools gebraucht huet, net gouf. Déi Technik konnt ech dunn iwwerhuelen. Wou d’Kënschtlech Intelligenz méi performant gouf, huet een net méi bräichten d’Sprooch a Phoneemen ëmwandelen, mee et konnt een direkt aus dem Text eng Sprooch trainéieren."

Duerch dëse Schrëtt gëtt d’Sprooch méi accessibel, erkläert de Max Kuborn, d’Stëmm vun der Liesmaschinn:

"Een, deen net liese kann, kann awer héieren, zum Beispill. Villäicht kann een den Tool och gebrauchen, fir Lëtzebuergesch ze léieren, fir dass een et an d’Ouer kritt. Et gi bestëmmt och nach eng sëlleg aner Applikatiounen, déi sech elo doraus erginn, well den Tool gëtt jo och ëmmer ausgebaut a perfektionéiert a weidergedriwwen. D’Imaginatioun vum Mënsch huet keng Grenzen."

Dat Ganzt ze entwéckelen, war awer net ëmmer sou einfach, seet den Direkter vum ZLS, Alexandre Ecker:

"E Modell ass ëmmer nëmme sou gutt, wéi déi Daten, déi een huet. Do hate mer d’Chance, dass de Max Kuborn Wochen a Méint de Courage hat, heihi sëtzen ze kommen, an dass mer e motivéierte Mataarbechter haten, deen déi Daten duerno opbereet huet, kontrolléiert huet, geschnidden huet, a se duerno mat geschriwwene Beispillsätz vum LOD verbonnen huet. Ech mengen, dat war am Fong déi opwännegst Etapp, fir dëse Projet ze realiséieren."

Et gëtt alles drugesat, dass den Tool net mëssbraucht gëtt an dem Auteur seng Stëmm net ka fir Arnaquë benotzt ginn.

De Programm ass awer nach net fäerdeg. Ëmmer rëm gëtt e verbessert. Doduerch, dass näischt vun de Benotzer gespäichert gëtt, ass een op Feedback ugewisen, wann eppes net esou funktionéiert, wéi et soll.

Dës zentral Plattform ass e Service public an ass fir jiddereen zougänglech. De Site "Sproochmaschinn" ass eng Kombinatioun vun der Schreif- an der Liesmaschinn.