Vill User dierften e Sonndeg de Moien opgeotemt hunn. Hinne bleift nach een Dag fir ze zocken, ier déi nei Schaffwoch nees lassgeet, respektiv d'Schoul.

Ausgerechent um Weekend an dann och nach esou laang, waren d'Playstation-User weltwäit vu Server-Problemer betraff. An den USA, Japan an och Europa koum kee méi wärend ronn 24 Stonnen op den Online-Service Playstation Network. Dëse brauch ee fir Spiller mat sougenanntem Multiplayer-Modus wéi Fortnite a Call of Duty. Ma ganz vill aner Online-Funktioune waren och betraff.

An der Nuecht op e Samschdeg hunn d'Problemer ëm Mëtternuecht mëtteleuropäesch Zäit schonn ugefaangen. Eréischt an der Nuecht op e Sonndeg huet d'Produktiounsfirma Sony Entwarnung konnte ginn.

"All d'Online-Funktioune sollen elo nees ouni Problemer verfügbar sinn", stoung op der Plattform X.

Sony huet sech fir d'Stéierungen um Server entschëllegt, huet awer keng Grënn genannt. Bis dohin hat een d'User gefrot, gedëlleg ze sinn.

Munch Gamer hat dann awer manner Gedold. Op X hat ee Playstation-User sech opgereegt an d'Stéierung als "kriminell" bezeechent. Anerer hunn et mat Humor geholl an als onerwaarte Chance. Et wier "vläicht un der Zäit, seng Fra nees kennen ze léieren, mat där hie sech viru fënnef Joer bestuet hätt.