Déi franséisch StartUp MistralAI huet de leschten Donneschdeg seng App "Le Chat" op de Marché bruecht, déi ChatGPT an Deepseek Konkurrenz mécht.

Zanter dem 6. Februar kritt een déi App an de bekannten App-Storen vun Android an Apple erofzelueden. Si maachen op X Reklamm mam Zitat "Votre acolyte IA ultime pour la vie et le travail".

D'Ukënnegung vun der neier App kënnt kuerz virum groussen internationale KI-Sommet zu Paräis, deen e Méindeg an en Dënschdeg ofgehale gëtt.

MistralAI huet rezent e Partenariat mat der AFP ënnerschriwwen, wouduerch och Artikele vun der Noriichtenagence mat den Äntwerte vun der APP kënne verlinkt ginn respektiv d'App op d'Inhalter vun AFP-Artikele kann zeréckgräifen, fir op d'Froe vun de User ze äntweren. Dobäi huet een Zougrëff op d'Artikelen, déi zanter 1983 publizéiert goufen, an dat a 6 Sproochen, nämlech Franséisch, Englesch, Spuenesch, Arabesch, Däitsch a Portugisesch.

D'AFP huet aktuell en Archiv vu ronn 38 Milliounen Artikelen an all Dag kommen der 2.300 dobäi.