Dat mellt de Wall Street Journal a berifft sech op en Affekot vum Elon Musk. De Grupp wëll gutt 97 Milliarden Dollar bezuelen. 

Open AI ass d'Entreprise, déi ChatGPT erfonnt huet.

Den Open-AI-Chef Sam Altman war wéineg impressionéiert vun der Offer an huet op der Plattform X mat engem Post reagéiert. En huet geschriwwen: "Nee Merci, ma mir wäerten Twitter fir 9,74 Milliarden Dollar kafen, wann s de wëlls." 

De Musk hat deemools 44 Milliarden Dollar fir d'Iwwernam vun Twitter bezuelt. Zanterhier ass de Wäert vun der Onlineplattform zimmlech erofgaangen.

De Musk war net grad begeeschtert vum Sam Altman sengem Statement an huet just mat "Schwindler" drop geäntwert.