Fir vill Leit ass eng Welt ouni Youtube bal net méi virzestellen. Wäit iwwer 4 Milliarde Videoe ginn et op der Plattform, d'Zuel wiisst vun Dag zu Dag.

20 Joer Youtube - Erklärunge vum Chris Reuter

De 14. Februar 2005 ass de Site Youtube.com online gaangen, also haut virun 20 Joer. Zënterhier huet sech Youtube, ufanks vun enger Videotausch-Plattform fir Nerds a Geeks, zum haut gréisste Videodéngscht op der Welt, mat Milliarden u Spectateuren, entwéckelt.

Entstanen ass de Projet "Youtube" anscheinend beim Owesiessen, esou op alle Fall emol d'Erzielungen: Op enger Party solle sech de Steve Chen, Chad Hurley an Jawed Karim, allen dräi Aarbechtskolleege bei Bezuel-Service Paypal, d'Plattform ausgeduecht hunn, op där all Mënsch Videoen eropluede kann. Den Jawed Karim huet dann den 23. Abrëll 2005 den éischte Video héichgelueden.

"Me at the Zoo" heescht d'Wierk vun 19 Sekonnen, a weist de Karim am Zoo zu San Diego, méi genee bei den Elefanten. 348 Millioune Mol gouf de Video bis haut gekuckt. Kee vun den dräi Entwéckler hätt wuel deemools, dass dësen éischte Video de Grondsteen vun engem Milliarde-Business wäert ginn a bis haut zu den "Online-Grondpillieren" gehéiert. Et gëtt wuel effektiv praktesch kee Mënsch, deen, wann en eng Kéier am Internet ënnerwee war, net op d'mannst op Youtube bis luusse war.

Den 1. Youtube-Video "Me in the Zoo" (23.4.2005)

D'lescht Joer huet Youtube weltwäit iwwregens iwwer 2,5 Milliarden Zuschauer erreecht. Google no kucken d'Notzer all Dag eleng iwwert de Fernsee zesummegerechent iwwer eng Milliard Stonnen u Youtube-Videoen. Domadder ass Youtube eng massiv Konkurrenz géigeniwwer Streamingdéngschter wéi Netflix, Prime, Disney+ a Co. D'Rezept fir den Erfolleg vu Youtube ass nämlech sou einfach, wéi brillant. Anescht wéi bei traditionelle Sender oder Streamingdéngschter, fale keng Produktiounskäschten un, et sinn d'Notzer selwer, déi d'Videoe produzéieren.

Dobäi kënnt, dass d'Palett u Contenu riseg, quasi onendlech ass... Vun Opname vu Concerten, iwwer Spots vu politesche Campagnen iwwer Erklär-Videoen, wéi ee seng Wäschmaschinn nees selwer reparéiert. Dobäi kënnt, dass all Minutt iwwer 500 Stonnen u Videomaterial op Youtube héichgeluede gouf. Wann der den Artikel also bis heihinner gelies hutt, dierften nees e puer honnert Stonnen dobäi komm sinn, e Contenu, deen een also als Mënsch guer net consomméiere kann.

2006 huet d'Sichmaschinn Google Youtube du fir 1,65 Milliarden US-Dollar an Aktie kaf, Analysten no en decisive Moment. Hei huet een nämlech den Know-how am Beräich Reklamme genotzt, fir en erfollegräiche Modell z'entwéckelen, bei deem de Gewënn mat de Produzente vun de vill geklickte Videoe gedeelt gëtt.

Mat der Zäit huet sech Youtube ëmmer nees liicht am Design awer och an der Technologie weiderentwéckelt. Mëttlerweil gëtt et mat "Youtube Music" eng Konkurrenz zu Spotify a Co a mat der "Kids"-App kënnen och déi méi jonk sécher op der Plattform Videoe kucken, déi och fir si geduecht sinn. Dobäi kommen dann nach déi populär Shorts, also änlech kuerz Clippen wéi op TikTok, déi pro Dag iwwer 70 Milliarde Mol gekuckt ginn.

Mat 15,6 Milliarde Views ass iwwregens d'Kannerlidd "Baby Shark Dance" dee Video op Youtube, dee bis haut am dackste gekuckt gouf. Dono kënnt de Video vum Lidd "Despacito", mat nëmmen nach ronn hallef sou vill Klicken.

"Baby Shar Dance"