Déi meeschte Leit hu scho vum Darknet héieren. Muncher ware schonn do ënnerwee. E Cybersecurity-Expert kläert op, wat een alles zum Darknet wësse muss.

Den Internet ass an zwou Kategorien ënnerdeelt. Et gëtt de Clear-Web, also den Internet wéi mir en am Alldag notzen, fir ze googelen zum Beispill. Dëst ass awer just e klengen Deel vum Internet. Ronn 90 Prozent vum World Wide Web ass nämlech den Deepweb. Hei befanne sech Firmen-Datebanken, Streaming-Servere wéi och eise Cloud-Speicher, wou mir all eis Fotoe späicheren, fir den Handy net ze iwwerlueden. Och eis Bankinformatiounen oder Donnéeë vun eisem Profil ginn hei gespäichert. Ënnert anerem sinn et also déi Servicer am Internet, wou een e Login an e Passwuert brauch, fir eranzekommen.

Wat ass den Darknet?

E klengen Deel vum Deep Web ass den Darknet. Dësen ass villen och als Schwaarzmaart vum World Wide Web bekannt. Dobäi ass den Darknet technesch gesinn nëmmen “e Service am Internet, deen ee mat engem spezielle Programm benotze kann”, erkläert de Steve Müller, Cyberexpert bei BeeSecure.

Spezielle Programm fir Anonymitéit

De Programm TOR ass esou e Portal, fir an den Darknet eranzekommen. TOR steet fir The Onion Router. Den Numm kënnt dovun, dass de Programm wéi eng Zwiwwel funktionéiert. Den Notzer gräift also net op een direkte Server zou, mä gëtt weltwäit iwwert e puer Servere weidergeleet.

RTL

Esou gëtt eng héich Anonymiséierung garantéiert. Den Notzer ka vun der Police zeréckverfollegt ginn, ma dat ass awer e Prozess, deen e laangen Otem brauch, erkläert de Steve Müller.

“Si musse mat de lokale Policen zesummeschaffen, da brauch et e geriichtlecht Urteel, fir dass si dat dierfen. Da gi si bei den Internetprovider, fir erauszefannen, wiem déi Adresse gehéieren. An da musse si mat deene bei de Provider goen, deen déi Serveren huet an déi zwéngen, déi Informatiounen erauszeginn. Dat dauert am Schnatt 6 Méint pro Server. Wann de Notzer iwwer 3 bis 4 Statioune geleet gëtt, da kann esou eng Enquête vun der Police zwee Joer daueren. An da muss een nach bedenken, dass déi Informatioune vun den Operateuren dacks no 6 Méint scho geläscht ginn.” 

RTL

© Pete Linforth/Pixabay

Dowéinst wier et och esou schwiereg, déi illegal Aktiounen am Darknet ze stoppen. An där gëtt et am Darknet eng ganz Partie. Hei fënnt een sou zimmlech alles, wat ee sech virstelle kann. An genee dofir sollt een och net ouni Virsiicht do eragoen. An den Darknet eranzegoen, ass nämlech de Base net illegal, ma et sollt een awer gutt oppassen, mat wiem een do kommunizéiert, wat ee sech ukuckt a wat een erofluet. “Et soll een am Internet ëmmer oppassen, wat ee vu sech präisgëtt, ma am Darknet ass dat awer nach anescht. Et dierf een net vergiessen, dass e Gros vun de Leit hei Krimineller sinn. Do kann ee séier mol e Virus um Computer hunn”, sou de Steve Müller.

Darknet fir Pressefräiheet an Informatioun 

Ursprénglech stoung hannert dem Darknet awer eng aner Iddi. Dëse sollt Journalisten an Aktivisten a repressive Länner nämlech d’Méiglechkeet ginn, no baussen ze kommunizéieren an iwwer d’Ëmstänn an de betraffene Länner ze beriichten. A munche Länner, wéi am Iran, a China oder a Nordkorea gëtt den Internetzougang nämlech vun de Regierungen ageschränkt. Domat wëlle si ënnert anerem verhënneren, dass d’Awunner sech wou anescht wéi bei de Regierungsmedien informéiere kënnen.

Medien, wéi de BBC an d’Deutsche Welle sinn am Darknet vertrueden, well si wëllen, dass och Leit aus repressive Länner sech bei hinnen informéiere kënnen an u global Noriichte kommen.

“Mee och do ginn déi Regierungen elo sou wäit, dass si d’Notzung vum Darknet verbidden." Eleng an den Darknet ze goen, ass also deelweis an deene Länner schonn eng Strofdot. Zousätzlech gëtt nach den Zougang zu TOR gespaart, fir dass d’Notzer mol net bis an den Darknet kommen.

Wéi kënnt een an den Darknet? 

Dat waren elo vill technesch Informatiounen zum Fonctionnement vum Darknet, mee wéi einfach ass et dann elo do eranzekommen? Brauch een e speziellt Passwuert vun engem Hacker oder kann do jiddereen einfach eran?

“Et ass eng ganz einfach Google-Sich", sou de Cybersecurity Expert vu BeeSecure. "Et sicht een nom Programm TOR, luet deen erof a schonn ass een dran. Dann muss een natierlech nach geziilt no Websäite sichen, mee och dat fënnt ee mat e puer Klicks op Google.” Esou geheim wéi den Darknet heiansdo wierkt, ass en also net.

De Steve Müller warnt awer: “Eng gewëssen Virwëtz ass gutt. Et kann ee sech dat och mol eng Kéier ukucken, mee et muss een awer dorop gefaasst sinn, wat een do alles ka gesinn. 95 Prozent vum Darknet si kriminell. Do kënne ganz verstéierend Saachen dobäi sinn.” Sech am Darknet ronderëm ze dreiwen, wier also net ze ënnerschätzen.