Datt d’KI an eisem Alldag wiisst, dierft wéineg Leit iwwerraschen. Besonnesch am Beräich vun der Reklamm gëtt d’kënschtlech Intelligenz ëmmer méi populär.

E Lëtzebuerger Start-Up, dee virun 2 Joer an d’Welt geruff gouf, huet an dësem Marché seng Plaz fonnt.

Flott faarweg Biller, déi de gewënschte Produit ënnert d’Leit bréngen. Kee Mënsch stoung fir dës Reklamme virun enger Lens. Keng Kamera koum an den Asaz. Videoen, mee virun allem Biller a Fotoe ginn ëmmer méi dacks iwwert d’KI generéiert, vu groussen a klengen Entreprisë fir den eegene Marketing.

Mir treffen de Misch Strotz bei sech Doheem. Hien ass Deel vun engem jonke Lëtzebuerger KI-Start-Up, dee Fotoen unhand vu Modeller vu Leit generéiert. D’Iddi war et, KI-Biller mat Lëtzebuerger Personalitéiten a Motiver ze promouvéieren. Zanterhier ass vill geschitt, esou de Member vum Start-Up "LETZ AI":

"Dat ass deemools relativ gutt bei de Leit ukomm. Do hu mer natierlech relativ séier gekuckt, dat auszebauen. Eppes wat zu Lëtzebuerg gutt funktionéiert, funktionéiert warscheinlech och gutt am Ausland. Ugangs d’lescht Joer hu mer dunn d’Plattform opgemaach fir Frankräich, Däitschland an d’Belsch. An da Schrëtt fir Schrëtt, nodeems mer genuch Ressourcen haten, hu mer se fir d’ganz Welt opgemaach.”

KI-Foto-Generatore gëtt et mëttlerweil ewéi Sand um Mier. D’Kompetitioun an der Tech-Welt, mat Giganten ewéi Google oder OpenAi, ass enorm.

“Déi lescht Méint hu mer et relativ gutt hikritt, matzehalen," erkläert de Misch Strotz. "Mir si weider eng vun de Plattformen, déi mat déi beschte Qualitéit u Biller liwwert. De ganz grousse Virdeel bei eis ass, datt mer eng ganz aner Approche hunn, ewéi vill aner Plattformen. Mir schaffe mam Prinzip vum “opt-in”. Dat heescht mir wullen net duerch den Internet an trainéieren dann ouni d’Leit ze froen eis nei Modeller. Bei eis ass et esou, datt d’Leit selwer hire Contenu op d’Plattform bäifügen.”

Esou ëmgeet een och dacks – deels hefteg diskutéiert – Problemer bei der Biller-Rechter. Déi eng Abonnenten notzen d’Software fir de private Spaass, mee och gréisser Marken hu scho mam Lëtzebuerger Produit geschafft. “Dee wichtegste Moment fir eis war am Summer d’lescht Joer wéi mer eis V3 annoncéiert hunn. Do ware mer eng vun den éischte Firme weltwäit, déi et hikritt huet, speziell Produiten an deene Biller ganz Detailgetrei ze reproduzéieren. Do hu mer bemol Demande vu Marken aus der ganzer Welt kritt. Ënner anerem Walmart, Puma oder G-Star hunn eis kontaktéiert."

D’Sportsmark Puma huet zum Beispill e virtuellen Influencer mat engem Marokko-Fussballtrikot kreéiert, fir eng Reklamm, déi duerno op der Social-Media-Plattform Instagram gelaf ass. Och eng Lëtzebuerger Pizzeria-Chaîne huet vum Besuch vum Poopst profitéiert, fir eng ganz Online-Marketing-Campagne op d’Been ze stellen.

“Wat ganz kloer ass, ass datt déi doen Technologie hei ass, fir ze bleiwen. Déi wäert net verschwannen. Déi Disruptioun, elo schonns um Marché passéiert ass, ass eiser Meenung no enorm. Mir si selwer eng Marketing-Agence, déi dëse KI-Projet entwéckelt huet. Eis Aarbecht als Agence huet sech fundamental verännert duerch d’Kënschtlech Intelligenz.”

Et wier d’Zil vun der KI, net de Leit hiren Job ewechzehuelen, mee de Pensum un Aarbecht ze reduzéieren.