Och den Elon Musk nennt "X" nees "Twitter"

© AFP
Nodeem den Tech-Milliardär de Social-Media-Gigant "Twitter" kaf huet, huet hien dëse séier an "X" ëmbenannt.
Zanterhier gouf d'Plattform grad an de Medien an an den Texter ëmmer méi heefeg och "X" genannt, och wa vill Leit am Sproochgebrauch wuel nach ëmmer "Twitter" notzen, well een dat eben esou gewinnt ass. An och den Elon Musk schéngt et schwéier ze hunn, eppes, wat hie sech ugewinnt huet, esou einfach ze änneren.
Rezent ass dem Milliardär an offiziell inoffizielle Chef vun DOGE dat nees passéiert. An engem Tweet schreift hien "Twitter huet däitlech méi Funktioune mat manner Leit bäikritt". Mat deem Post bezitt sech de Musk eben op DOGE, déi jo vun him a vum Donald Trump kreéiert gouf, fir déi staatlech Ausgaben an den USA drastesch erofzesetzen.
Kritik gouf et jo, well dem Musk seng Agence rezent eng Mail un all d'Mataarbechter vum US-Staat geschéckt hat, déi hir Aarbecht musse rechtfäerdegen. Sollte si där Demande net nokommen, géife si entlooss ginn. Aus ville Ministèren an Autoritéiten hat et du geheescht, datt d'Aarbechter där Demande net missten nokommen, well d'Personal sech just virun hirem Patron an net virun DOGE misste rechtfäerdegen. Dës Aussoe koume souguer vun neie Ministeren an Direkteren, déi vum Donald Trump an d'Amt gesat goufen.
Et gëtt spekuléiert, datt dëst Virgoe vum Nofroen e weidere Plang vum Musk wier, fir eng jett Mataarbechter z'entloossen. Well hei leeft een elo d'Gefor, datt, wann een net äntwert, datt ee seng Aarbecht verléieren a wann een äntwert, een net méi bei den eegene Virgesetzten als gutt ugesi gëtt. Wéi de Musk Twitter, elo X, iwwerholl hat, hat hie jo och an den éischte Wochen a Méint dausende vu Leit entlooss.