Vu Mee 2025 un
Microsoft mécht Videouruff-Service Skype zou

© AFP/Kirill KUDRYAVTSEV
"Vu Mee 2025 u wäert Skype net méi disponibel sinn", heescht et vum Service um Kuerznoriichtendéngscht X.
Notzer goufen drop higewisen, an Zukunft den Déngscht "Teams" amplaz ze benotzen.
Skype gouf 2003 gegrënnt, bannent zwee Joer konnt d'Plattform ronn 50 Milliounen registréiert Utilisateure verzeechnen. Uganks vun den 2000er Joren hat sech Skype zu engem Synonym fir den Online-Telefon entwéckelt, ier Konkurrenz-Servicer wéi beispillsweis Zoom op de Marché koumen. 2011 gouf Skype vum Tech-Gigant Microsoft fir ëmgerechent ronn 8,2 Milliarden Euro kaf.
Am meeschte gelies