Éischte kommerzielle Fluch vun der Ariane-6-Rakéit nees geréckelt
Jorelaang huet een op d'Ariane 6 gewaart, tëschenduerch huet eng Kris vun den Träger-Rakéiten de kommerzielle Start vun der Rakéit verzögert.
Um Méindeg sollt also de Start vun Ariana 6 vun der Weltraumgare zu Korou a Franséisch-Guyane aus probéiert ginn. Dës Rakéit ass fir een onofhängegen europäeschen Zougank an de Weltraum decisiv. Mat hir kann Europa eegestänneg gréisser Satellitten an den All bréngen.
De Start vun der Ariana 6 war fir 17.24 Auer eiser Zäit geplangt. Kuerz virdrun huet et awer geheescht, datt um Méindeg kee Start ze erwaarden ass.
Den éischte kommerzielle Vol, bei deem d'Rakéit ee Satellit fir déi franséisch Loftwaff a gutt enger Stonn 800 Kilometer wäit an de Weltall soll bréngen, gëtt mat Spannung erwaart, well obschonn den éischte Vol leschte Summer een Erfolleg war, konnt en Hëllefsmotor um Enn vum Fluch an där Testphas net nach eng Kéier gezünt ginn. Dat wier der europäescher Raumfaartagence no ee Problem mat enger Temperatur, déi ee Grenzwäert iwwerschratt an de betraffene System gestoppt hätt.
De groussen Interessi um Start kënnt och aus dem Grond, datt déi europäesch Vega C, déi méi kleng Satellitte sollt eropschéissen, hiren éischte kommerziellen Depart an de Sand gesat huet. Réischt am Dezember zejoert gouf d'Rakéit no bal zwee Joer laanger Paus zréck op d'Startramp bruecht. De Secteur vun den Träger-Rakéite vun Europa war zäitweis an der Kris.
Start vun der Ariane 6 mat 4 Joer Retard
Eigentlech war hiren Depart schonn 2020 virgesinn. Et sollt awer nach 4 Joer daueren. D'Virgängerin Ariane 5 war d'lescht Joer scho bal e Joer net méi a Betrib. Déi europäesch Raumfaartagence Esa huet déi Zäit also op d'Falcon-9-Rakéite vun der US-Firma SpaceX zréckgegraff.
Ariane 6 soll awer däitlech méi bëlleg wéi hir Virgängerin sinn a wier och jee no Missioun méi flexibel opgebaut mat 2 oder 3 Boosteren. D'Rakéit kann 11,5 Tonnen an héich Ëmlafbunnen a bis 21,6 Tonnen an niddreger transportéieren.
D'Fro ass, ob esou eng Rakéit nach den Erausfuerderungen entsprécht, wa SpaceX zënter 2015 scho Modeller huet, déi och nees lande kënnen an duerno nees an den Asaz kënne kommen.