Geschwë ginn et aacht nei Emojie fir den iPhone

© Image Via Emojipedia
Mam Update iOS 18.4 kënnt viraussiichtlech am Abrëll net just d'KI "Apple Intelligence" op eng ganz Rei iPhonen, ma och aacht nei Emojien.
Schonn elo kann een dës an der Testversioun entdecken. Déi aacht nei Emojie sinn: Een Emoji mat Reef ënnert den Aen a middem Gesiicht, ee Fangerofdrock, ee mofe Sprutz, eng Réidchen, ee Bam ouni Blieder, eng Harf, eng Schëpp an de Fändel vun der Atlantikinsel Sark.
Déi aacht Neizougäng kéinte mat Apple Intelligence awer zu engem gewëssen Deel obsolet ginn, well ee mat der KI als Benotzer d'Méiglechkeet kritt, eegen Emojien ze erstellen. D'KI-Emojien hunn den Numm Genmoji, Mat Apple Intelligence kommen awer och nach eng ganz Rei aner Funktiounen, wéi zum Beispill eng KI-Schreifhëllef an en neien Tool fir d'Beaarbechtung vu Fotoen.