Nächste Mësserfolleg fir den Elon Musk
Zil ass de Mars. De gréisste jee gebaute Rakéitesystem, fir dohin ze kommen, liwwert awer ee Réckschlag nom aneren.
"Starship" soll déi éischt Mënschen op en anere Planéit bréngen - net just op en Trabant vun eiser Äerd. En éiergäizege Plang, deen den Tesla- a SpaceX-Chef Elon Musk zanter méi wéi 20 Joer verfollegt. Dem gréisste Rakéitesystem an der Geschicht vum Mënsch ass des historesch Roll zougeduecht.
Zanter 2 Joer gëtt dat Wonnerwierk vun der Technik, dat en plus reutilisabel ass, op Häerz an Nire getest. Dass dobäi net alles riicht aus goe kann, ass normal. An der leschter Nuecht eiser Zäit war elo den 8. Test en neien Echec. "Wärend der Opstiigszündung huet de System eng rasant, net geplangten Demontage erlidden an de Kontakt mam Buedem goung verluer", heescht et aus der SpaceX-Zentral.
Déi 123 Meter laang Rakéit ass am Texas gestart ginn an huet virun hirem Crash eng Héicht vu ronn 150 km erreecht. Net confirméiert Quelle schwätzen dovun, dass Deeler vun der Konstruktioun iwwert der Karibik an iwwer Florida gesi gi wieren. Déi amerikanesch Aviatiounsopsiicht hätt dowéinst eng ganz Partie Departen a Landunge vu Fligere misse stoppen.
"Leider ass eis dat och déi leschte Kéier passéiert, also hu mir elo scho bëssen Übung doran", sot de Kommentator, deen de Vol live vun der Plaz suivéiert huet. Mëtt Januar war eréischt eng "Starship" bei engem Testvol explodéiert. Eng gutt Nouvelle gouf et trotzdeem: bei dësem Versuch war et elo schonn déi 3. Kéier, dass den ënneschten Deel vun der Rakéit erëm vum Starttuerm opgefaange konnt ginn.
Trotz alle Probleemer ass d'NASA awer weider gewëllt, nach an dësem Joerzéngt Astronauten op de Mound ze schécken. Duerno wäert SpaceX sech dem eigentlechen, dem längerfristegen Zil unhuelen - eng Landung um Mars. Also bleift nach vill Aarbecht - éier et zu engem bemannte Vol kënnt, sou d'SpaceX-Presidentin Gwynne Shotwell, sollen op d'mannst nach 100 Testvollen absolvéiert ginn.