Lëtzebuerg kritt e weidere Supercomputer
Nom Meluxina an dem Meluxina-Quantecomputer kënnt elo de Meluxina AI, een Héichleeschtungsrechner, deen op kënschtlech Intelligenz spezialiséiert ass.
Dernieft soll eng AI Factory opgebaut ginn, eng Institutioun, déi allen Entreprisen am Land hëllefe soll, fir Kënschtlech Intelligenz sou effikass wéi méiglech ze notzen.
De Meluxina AI soll net just vun de Fuerschungsinstitutioune kënne genotzt ginn. Och d'Privatwirtschaft soll dovunner profitéieren. Dowéinst gëtt eng sougenannten AI-Factory geschaaft. All d'Entreprisen am Land kréien hei eng individuell Berodung, wéi se kënschtlech Intelligenz an hirem Betrib kënnen notzen.
Lëtzebuerg kann awer just 50 Prozent vun der Recheleeschtung fir national Projeten notzen, déi aner 50 Prozent si fir europäesch Projete reservéiert. Den neie Supercomputer kascht 126 Milliounen Euro a gëtt dann och zur Hallschent vun der EU finanzéiert. Lëtzebuerg ass eent vu 7 Länner, déi den Zouschlag bei der Ausschreiwung kritt hunn.
Den Haaptsite ass Biissen, wou och schonn de Meluxina 1 steet. E klengen Deel vun de Server wäert awer och op Beetebuerg kommen. Elo ass een op der Sich no enger Firma, déi esou e Computer baut.
Mëtt d'nächst Joer soll Meluxina AI a Betrib geholl. D'AI-Factory dogéint soll schonn den nächste Mount ufänken an d'Betriber fit fir d'Aarbecht mat der KI maachen.