Albanien späert TikTok vun elo un

© Adnan Beci / AFP
Déi Spär war am Dezember zejoert decidéiert ginn.
All Internetprovider goufen ugeschriwwen, fir den Zougank zu TikTok spéitstens vum 13. Mäerz un ze spären. Eng Mesure, déi een awer mat VPN-Verbindng kann ëmgoen.
D'Inhalter op TikTok wiere geféierlech fir Kanner a Jonker, sou de Premier Rama. Enn 2024 war ee 14 Joer ale Schüler no enger Messerattack gestuerwen. Déi Jonk solle sech iwwer TikTok bekricht an de Rendez-vous fir dës déidlech Kläpperei ausgemaach hunn.
D'Politik sot zu deem Virfall, datt net d'Kanner de Problem wieren, mee déi ganz Gesellschaft an all Onlinemedien. Da gouf et Kritik zum Fait, datt baussent China aner Inhalter ze fanne wieren, wéi a China selwer, wou et och Videoe géing ginn, déi de Jonke positiv Impulser ginn.
D'Oppositioun an Albanien schwätzt vun enger "diktatorescher Decisioun an enger Aktioun géint Meenungsfräiheet an Demokratie".

Diskussiounen iwwer esou eng Spär vun TikTok gëtt et a ville Länner. An den USA gouf zum Beispill vill geschwat vun Datesécherheet a chineesescher Propaganda, bis déi nämmlecht Leit, dës Spär vun TikTok aus politesche Grënn no engem Dag nees réckgängeg gemaach hunn.