D’Stad Esch organiséiert dëst Joer fir déi éischte Kéier d’EschTechWeek.

Vu Workshops fir Jonker bis hin zu Konferenze fir déi verschidden Entreprisen aus der Tech-Branche, steet vum 31. Mäerz bis de 5. Abrëll an der Minett-Metropol alles am Zeeche vun der Technologie.

EschTechWeek / Rep. Céline Eischen

Déi digital Inclusioun promouvéieren an aus der Stad Esch een dynameschen Technologie-Hub maachen: Dat erwaarde sech déi Responsabel vun der éischter EschTechWeek. Wärend enger Woch kommen hei Jonker an Entreprisen aus der Tech-Branche zesummen, fir sech iwwert déi verschidden Opportunitéite ronderëm d’Technologien auszetauschen. De Bruno Cavaleiro, Schäffe vun der Stad Esch, erkläert firwat een des Initiative lancéiert huet:

"Esch ass fir eis d’Haaptstad vun der Tech, Esch ass Uni-Stad, Esch huet eng Community, déi sech nach muss zesummendoen. Mir gleewen och, dass déi dat kann erreechen. A mir mussen als Stad den élément fédérateur vun der Community a vum Ekosystem sinn."

D’Zil vun dëser Woch ass et also, verschidden Acteuren aus der Tech-Branche un een Dësch ze kréien an esou déi technologesch Innovatiounen ze dynamiséieren.

Ee Volet vun der Techweek ass d’Sensibiliséierung vun deene Jonken, esou d’Hélène Moench, Responsabel vum Service Jeunesse zu Esch:

"L’objectif c’est vraiment d’attirer les jeunes au centre-ville, de leur montrer ce qui est possible de faire au niveau technologique à Esch. Il y a beaucoup d’associations qui sont présentes sur le territoire de la ville et qui proposent des activités, par exemple pour les jeunes autour de la technologie."

Esch gesäit sech och als Bréckebauer tëscht den Tech-Acteuren aus der Wirtschaft an der Recherche. Elo schonns steet fest, dass et net bei dëser enger Editioun vun der Techweek soll bleiwen.