Dat zousätzlech zu den übleche Linken zu Internetsitten oder Annoncen. Ënner anerem an den USA war dës Funktioun schonn zanter Mee zejoert disponibel.

Insgesamt gëtt et d'Funktioun "AI Overview" an honnerte Länner, e Mëttwochmoie sinn Éisträich, d'Belsch, Däitschland, Irland, Italien, Polen, Portugal, Spuenien an d'Schwäiz dobäikomm. Konkreet bedeit dat, datt bei enger bestëmmter Fro, déi een an der Google-Sichfunktioun agëtt, iwwert de Link-Oplëschtungen och en zesummefaassenden, vun enger KI geschriwwenen Text opdaucht. Domadder soll verhënnert ginn, datt ee sech op der Sich no enger Äntwert duerch eng Abberzuel u Websitte muss klicken.
Wéi et vu Google heescht, soll dës Funktioun ëmmer dann an den Asaz kommen, wann de System feststellt, "datt et déi hëllefräichst Äntwert ass". Viraussetzung, fir "AI Overview" ze notzen, ass et volljäreg a mat sengem Google-Kont ageloggt ze sinn.

Vill Medienagencen, déi Internetsitte bedreiwen, gesinn d'Funktioun kritesch: Gefaart gëtt beispillsweis, datt User méi seele wäerten op Linke klicken, fir sech iwwer Sujeten ze informéieren, ma just déi vun der KI generéiert Zesummefaassung wäerte liesen.