Den "TikTok Shop" geet a Frankräich, Däitschland an Italien un de Start

© Photo by Guo Dexin / CFoto / CFOTO via AFP
Dat soziaalt Netzwierk TikTok wäert vum 31. Mäerz un an dräi europäesche Länner eng nei Funktioun kréien: en eegene Shop.
Dës E-Commerce-Funktioun, eben "TikTok Shop" gedeeft, erméiglecht et, Saachen direkt an der App ze kafen, esou d'Plattform en Donneschdeg. De Shop gëtt et zanter Dezember 2024 schonn a Spuenien an an Irland.
Konkret bedeit dëst, datt User elo net méi just Saache kafe kënnen, andeem se op Linken an de Videoen oder Beschreiwunge klicken, déi op extern Plattforme ginn, mä direkt d'Saachen iwwer TikTok kënne kafen, ouni d'App mussen ze verloossen. De Clienten ass et méiglech, fir "spezifesch Produiten ze sichen, Reklammen ugewisen ze kréien an hir Bestellungen ze geréieren". Dat Ganzt ass natierlech u personaliséiert Virschléi gebonnen, déi op d'Sich- an d'Kuckverhale vun de User orientéiert ginn.
Ausserhalb vun der EU gëtt et TikTok Shop schonn an engen Dose Länner, dorënner Groussbritannien, Thailand, Saudi-Arabien oder de Vereenegte Staten.
Mam Lancement vun TikTok Shop kommen zum Beispill a Frankräich dann direkt e puer Marke mat, wéi Cabaïa, déi Poschen hierstellen, oder d'Brëller vun Izipizi.
Leit ënner 18 Joer kréie keen Accès op de Contenu, deen e Link op den TikTok Shop mécht, heescht et vun der Plattform géintiwwer AFP. Dofir wäert och eng proaktiv Moderatioun a Kraaft trieden.
Bleift awer dozou ze soen, datt sech verschidde Betriber bei eisen Nopere Suergen driwwer maachen, datt TikTok elo en eegenen E-Commerce kritt. Dofir fuerdere si elo vun der Politik, datt déi franséisch Entreprise viru Plattforme wéi Temu, Shein an elo dem TikTok Shop besser geschützt ginn. Grad wëll dës eng "Concurrence déloyale" duerstellen. Si fuerderen, änlech wéi an den USA, méi streng Taxe fir d'Wuere vun dëse Plattformen.