Trump gëtt TikTok-Verkaf méi Zäit

© AFP
TikTok riskéiert e Verbuet an den USA, falls Bytedance déi virun allem bei Jugendleche populär Videoplattform net verkeeft.
Den US-President Donald Trump huet den Delai fir de Verkaf vun der Online-Plattform TikTok duerch de chineesesche Grupp Bytedance eng weider Kéier ëm 75 Deeg verlängert. Am anere Fall wier en an der Nuecht op e Samschdeg ofgelaf.
"Den Deal erfuerdert méi Aarbecht fir sécherzestellen, datt all noutwenneg Geneemegungen ënnerschriwwe sinn", sou den Trump e Freideg op senger Onlinepalttform Truth Social iwwer de Grond fir d'Verlängerung vum Delai. Et géif awer schonn "enorm Fortschrëtter" ginn.
TikTok riskéiert e Verbuet an den USA, falls Bytedance déi virun allem bei Jugendleche populär Videoplattform net verkeeft. Een Dag nom Amtsuntrëtt vum Donald Trump am Januar war an den USA e Gesetz a Kraaft getrueden, dat Bytedance de Verkaf virschreift. Hannergrond si Reprochë vun US-Autoritéiten, déi chineesesch Entreprise géing TikTok notzen, fir am Déngscht vu Peking User auszespionéieren.