Vum 31. Mäerz bis de 5. Abrëll war déi éischt Editioun vun der EschtTechWeek.

Et war eng Woch, bei där et reng ëm modern Technologie goung, déi Ekippe vu Professionellen, ewéi och Lycéesschüler virgestallt goufen.

Esch wier déi ideal Stad, fir dës TechWeek mat ze organiséieren, well se en technologeschen Hotspot wier, mat Plazen ewéi Esch Belval, wou och d’Uni Lëtzebuerg steet.

Notamment gouf um Belval am Digital Learning Hub déi véiert Editioun vun TnTeens organiséiert mat Workshops fir Jonker aus dem ganze Land an aus der Groussregioun. Och hei goung et ëm Themen ewéi Cybersecurity, Kënschtlech Intelligenz (KI), Kryptographie oder Virtuell Realitéit (VR). Et wéilt een de Lycéesschüler déi modern Technologie méi no bréngen, fir se ze motivéieren, e Beruff am techneschen Domaine ze suivéieren, esou de CEO vun The Dots, enger Marketing Agence vu Lëtzebuerg, déi d’Evenement organiséiert huet.

Wann een d’Schüler befreet, da kritt ee positiv Äntwerte vis-à-vis den technologeschen Developpementer. Ënnert anerem KI wier een Outil, deen ee souwuel am berufflechen, ewéi och am schoulesche Parcours ka gebrauchen. Par contre dierft ee sech net komplett dorop verloossen, esou e Schüler vu 16 Joer aus dem Lycée Vauban.